Les articles de: Katia

image_pdfimage_print

Culture

15-07-2016 Par

F T Y

Gaymat 2016

Mat ville Stänn an enger Tribün huet d’Escher Maartplaz sech den 9 Juli gefëllt. E puer dausend Visiteuren, aus Lëtzebuerg an der Groussregioun, huet den alljäerlechen LGBT Pride Event Gay Mat och dëst Joer erëm ugezunn. De Gay Mat gëtt vun der Rosa Lëtzebuerg A.s.b.l. säit 1999 organiséiert an all Joer am Juli ofgehalen.

Mat ville Stänn an enger Tribün huet d’Escher Maartplaz sech den 9 Juli gefëllt. E puer dausend Visiteuren, aus Lëtzebuerg an der Groussregioun, huet den alljäerlechen LGBT Pride Event Gay Mat och dëst Joer erëm ugezunn. De Gay Mat gëtt vun der Rosa Lëtzebuerg A.s.b.l. säit 1999 organiséiert an all Joer am Juli ofgehalen.

 

Am Ufank war dëst Stroossefest an engem méi klenge Kader nach op der Theaterplaz an der Stad. Wéi de Gay Mat sech dunn op eemol séier vergréissert huet, ass en op der Place d’Armes ofgehale ginn. 2011, no engem Joer Paus, huet de Pride Event, dee mëttlerweil e feste Bestanddeel vun onsem summerleche Manifestatiounskalenner ginn ass, d’Metropol gewiesselt an ass mat engem méi grousse Konzept op Esch geplënnert. Haut ass et e Festival vun enger ganzer Woch. A Form vun Expositiounen, wëssenschaftleche Colloquen, Table Ronden an engem Kino-Owend gëtt de Public iwwert LGBT-Sujeten opgekläert a mat der Problematik an der Gesellschaft vertraut gemaach.

 

Last but not least war leschte Samschden dee groussen Dag vum Gay Mat, deen am Zeeche vu méi Toleranz a géint all Zort vun Diskriminéierung géigeniwwer homosexuellen an transidentitäre Matbierger gefeiert gëtt. Vun 12 bis 19 Auer haten och dëst Joer déi Lénk nees hire Stand op der Maartplaz a sinn och mat der Parad, déi um 14 Auer vun der Brillplaz aus lassgaangen ass, matgelaf. Och stoungen déi Lénk zesumme mat deenen anere Gemengeréit an der  Buergermeeschtesch vun Esch/Uelzecht bei den Organisateure vun dësem legendäre Festival op der Bühn, an hu sech fir méi Toleranz a manner Diskriminéierung géigeniwwer eisen homosexuelle MatbiergerInnen ausgeschwat.

 

Mat enger ëmmer erëm schéiner Erënnerung un dee flotten Event mat deene sechs verschiddene Museksgruppen, woubäi eng souguer all Joers de Wee vu Paräis op Esch fënnt, kënne mir den nächste Gay Mat zu Esch kaum erwaarden.

Och d’Closing-Party, déi Owes ab 21 Auer mam DJ Matthew Black vu Köln an der Kulturfabrik d’Leit déi ganz Nuecht op Trapp gehalen huet, war legendär.