Die Artikel von: thoma

image_pdfimage_print

Solidaresch géint de Faschichsmus !

Ween wierklech mengt dass Antifaschisten och Faschiste sinn, soll mol schnell seng Geschichtsbicher opschloen oder nach besser ee KZ besiche goen!

Ween wierklech mengt dass Antifaschisten och Faschiste sinn, soll mol schnell seng Geschichtsbicher opschloen oder nach besser ee KZ besiche goen!

Wann Nazien duerch eng däitsch Stad marschéieren, Juegd of Flüchtlingen an Immigrante maachen, ëffentlech den „Hitlergruß“ weisen, d’Police net amstand ass, d’Lag ënner Kontroll ze kréien an d’Politik an Däitschland an Europa sou stomm si wéi scho laang net méi, dann ass et eng onerhéierte Frechheet ze probéieren Antifaschisten an Nazie gläichzestellen. Sou ee Verhale vun der Bild-Zeitung an der FDP Berlin mat hirem grandiosen Tweet „Antifaschisten sind auch Faschisten“, ass net nëmmen ee Spill mam Feier fir rietst Gedankegutt ze legitiméieren, mee ee risegen Affront géigeniwwer antifaschistesch Demonstrante an doriwwer eraus géigeniwwer all Affer vu rietser Gewalt, Faschismus an Nazi-Däitschland. Ween wierklech mengt dass Antifaschisten och Faschiste sinn, soll mol schnell seng Geschichtsbicher opschloen oder nach besser ee KZ besiche goen! Dass iwwerhaapt probéiert gëtt an Europa, vun etabléierte Parteien a Medienhaiser, Antifaschismus ze delegitimiséieren ass een Zeugnis vu moraleschem Versoen a Perfiditéit. Dass ugesiichts vun sou Aussoe Regierungen an Zivilgesellschaft net méi revoltéiert sinn, ass nach een zousätzleche Beweis dass déi regéierend Klass de Kampf géint den europäesche Rietsruck am Begrëff ass ze verléieren an iwwerdeems eis Gesellschaft an ee Stadium vun zynescher Apathie féiert. Eng nei politesch Féierung ass dringend néideg.

Dëse Phänomen mëscht och kee Bou ëm Lëtzebuerg. Et ass, ënnert anerem, dokumentéiert dass den Tom Weidig, President vum Wee2050, dee  fir d’ADR an d’Wahle geet, online d’Verbrieche vun Nazi-Däitschland relativéiert huet, een Holocaust-Leugner verdeedegt huet an d’Benotzung vum biologesche „Rassen“ Therme bei Mënsche gerechtfäerdegt huet. De Wee2050 seng Verdeedegung besteet doranner de Maxime Weber, de Blogger deen dës Posts enthüllt huet, als Lénksterrorist ofzestempelen an ze delegitimiséieren. Vun der Wahllëscht vun der ADR ass hien net gestrach ginn. D’politesch a gesellschaftlech Reaktioune ware kuerz a flüchteg, haut schwätzt erëm kee méi dovunner. Et ass erschreckend wéi fill Zoustëmmung esou Entwécklungen an eiser Gesellschaft hunn.

Ween kloeren, Europa-wäite Widderstand leescht sinn AntifaschistInnen. Et stëmmt, dass d’Antifa net onëmstridden ass, och am lénke Spektrum vun der Politik. Ma dobäi muss een och wëssen, dass et net déi eng grouss Antifa gëtt, mee divers onofhängeg Gruppéierungen déi aus de verschiddenste Membere bestinn – wouwéinst een se net als een Organ ka gesinn oder beuerteelen. An och wann een sech, wéi ech, e bëssen onwuel fillt mat de muskuléise Methode vu verschiddenen Antifaschisten, muss een sech dorun erënneren, wien ob der anerer Säit steet. Do sti gewaltbereet a staark vernetze Leit, déi dat gréisste Massaker vun der moderner Mënschheetsgeschicht verherrlechen an sech esou Verhältnisser zréckwënschen. An Zäite vu politescher, staatlecher a gesellschaftlecher Inkompetenz sech dem Rietsruck an Nazien entgéint ze stellen, hunn AntifaschistInnen, déi hier Gesondheet op d’Spill setzen am Kampf géint Nazien, eis komplett an total Solidaritéit verdéngt! Wiem d’Antifa net passt, soll selwer géint Nazien op d’Strooss goen, wien sech dat, aus verständleche Grënn net traut, soll frou sinn, dass et nach Leit ginn déi dee Courage hunn.

An deem Sënn: Siamo tutti Antifascisti!

(cliquez ici pour accéder à version française de l’article)