1

“Oh fréck”… trëfft et ganz gutt

Den Joseph Kayser huet virun kuerzem en Roman “Prinzessin Charlotte“ am Verlag Schortgen erausbruecht. “Prinzessin Charlotte“ ass säin éischt Wierk op Lëtzebuergesch, dat elo publizéiert gouf. Den Joseph Kayser huet awer schon Konschtbicher op franzéisch iwersad, en Dréibuch „Äiskal” geschriwwen an war och als Concepteur an IPLs Reklammen implizéiert. Als fräie Mataarbechter huet hien fir d’Lëtzebuerger Press geschriwwen a fotograféiert.

Joseph Kayser: Prinzessin Charlotte. 72 Säiten. ISBN 978-99959-36-40-2. 13,50 €.

Den Inhalt a kuerzen Wieder:
Mir sinn an den 70er Joeren zu Izeg. Den Fränz ass en jonke Kärel vun 13 Joer. Hien liewt mat senger Famill zesummen, mee hien well fort op Murmansk. Dess Idi gett fir hien am Laf vun engem Weekend emmer méi kloer. Fortlafen aus enger Famill, där hier schutzlos ausgeliwwert ass.

Claude Simon: Firwat hues du dest Buch geschriwwen?

Jos Kayser: Fir op en Ëmstand opmierksam ze maachen, dee mer ganz wichteg ginn ass, mat de Joren, mat den Erënnerungen, a mat der Reflektioun. Wa Saachen net ausgeschwat ginn, wann Deeler an der Biographie vun engem selwer feelen, oder vu Mënschen déi engem no stinn an déi eng wichteg Roll am Liewe gespillt hunn, dann denkt/erfënnt/fantaséiert e Kand sech déi Deeler zesummen, fir mat senger Realitéit, mat senger Wourecht eens ze ginn. Wann d’Buch derzou bäidréit, dass méi iwwert esou Saache geschwat gëtt, dass Episoden, och wann et wéi deet, erzielt ginn an domadder den Affer den Täter d’Méiglechkeet gi gëtt, dat ze artikuléieren an opzeschaffen, da wär ech e Stéck wäit zefridden. Natierlech hat d’Schreiwen fir mech och e gewëssen therapeuteschen Notzen.

Mäin Usproch ass net, iergend engem ze hëllefen, déi Zäit ze verstoen. D’Buch soll e Stéck Atmosphär erëmginn, wéi e puer Autoritéitspersounen en Duerf bestëmmt hun, wéi matt Angscht a (falschen?) Moralvirstellungen operéiert ginn ass, wéi nieft Psycho- och richtegen Terror als Erzéiungsmethod gesellschaftlech net nëmmen toleréiert war. Mä et war net iwwerall esou. Izeg war an dem Sënn “exemplaresch”.

Du liwwers eis kaum Elementer fir den Papp, den Haustyrann, ze verstoen, sou dat mir Lieser, esou wéi den Fränz, eis och net mat Verstoen géint hien wieren kennen? Ass den Gérard stellvertriedend fir all déi Männer aus den « kathoulesche Männerchéier », déi an eiser Jugend eis Welt, mee och den CSV Staat gepräägt hunn? An wou fannen mir se haut erëm?

No den éischte Reaktiounen ze uerteelen, gouf et zu Izeg (a vläicht och an aneren Dierfer) eng gréisser Konzentratioun vu dëse kathoulesch/fundamentalisteschen Erzéiungsmethoden. Et war legitim an et ass net hannerfrot ginn. De Papp war an dem Sënn e Mysterium a seng Reaktiounen waren net (ëmmer) nozevollzéien. Hannerfroen war scho guer net méiglech. Dat huet de Konflikt, an domadder automatesch d’Repressioun, em e Villfaches potenzéiert. D’Kierch huet iwwert déi Männer (a Fraen) ganz bestëmmt – an och bestëmmend – hir schützend Hand gehalen. Eng Szen: De Paschtouer huet an der Klass virun deenen aneren e Schoulkomerod gutt lassgezunn. Esou dass et Spuren hannerlooss huet. Duerno sot en zum Bouf: “An elo géi heem a so dengem Papp den Här Paschtouer hätt dech lassgezunn, da kriss de der vun him nach.”

Wou fanne mer se haut? Ech weess et net. Ech mengen d’Gesellschaft huet sech trotz allem an eng aner Richtung entwéckelt, an d’Kierch huet net méi déi dominant Roll an der Erzéiung. D’Paschtéier sinn anerer, an och d’SchoulmeeschterInnen. Et gëtt bestëmmt nach ëmmer Gewalt an de Famillen, mee et gëtt och méi Méiglechkeeten fir Kanner a Jugendlécher, fir no Hëllef ze sichen.

Wéiss du den Papp beschreiws, ass en muechtbesiess oder krank, oder choleresch oder mat engem Hang zum Sadisteschen oder verzweifelt, well eleng an net verstaan oder iwermoralesch oder rigid an sengen Gefiller oder en wellegen Deel vun engem System, den mat der Ennerdreckung vun den Gefiller vun den Eenzelnen Muecht ausgeübt huet? An den Papp kann ech villes eraninterpretéieren.

Ass de Papp cholerësch? Secher. Krank? Saddistësch? Oder widderhëllt en e Schema? War et vläicht esouguer mäi Bop, also mengem Papp säi Papp, dee sech um eegene Meedche vergaangen huet an domadder d’Tatta Lotty an d’Psychiatrie bruecht huet? Firwat sinn d’Bridder matt him op Ettelbreck gefuer, an net d’Elteren matt hirem Meedchen? Ok, ech stellen dir elo méi Froen, wéi ech dir Äntwerte liwweren. De System, deen d’Täter deckt, funktionnéiert nach ëmmer, besonnësch fatal wann de soziale Status héich ass. Firwat äntwere Leit mir nach haut: iwwert esou eppes schreift een net? Et spillt och Frustratioun matt. Mäi Papp hat en Handwierk geléiert, säi Brudder hat studéiert. Mäi Papp huet sech missten eropschaffen fir sech intelektuell Geltung ze verschafen. Wat schoulësch Leeschtungen ugoung, huet en enormen Drock ausgeübt. Sexuell Frustratioun? Kënnt nach vläicht derbäi.

An d’Mamm bleiwt ambigue bis zum Schluss: muckst net géint den Haustyrann, gëtt dem Fränz e Schockelasflan hannert dem Réck vun hirem Mann, opschonn hien sein Brokkoli net opgiess hat an léisst hier Duechter am Stach, déi vum Papp vergewaltegt gëtt?

D’Mamm bleift an hirer Roll ambigue, schwankt tëscht hire Rollen als Täter an als Afer Si ass materiell ofhängeg a gesäit sech – onverständlecherweis – net als Beschützerin vun hirem Meedchen, mee als Konkurrentin.
De Schockelasflan ass quasi hiert eenzegt Mëttel Affektioun ze weisen, an hire Mann ze hannergoen. A wann d’Owesklack laut, da biet se den “Engel des Herrn”. Dat ass deen, deen dem Maria d’Botschaft bruecht huet!

Och d’Mamm geet mir net aus dem Kapp, well si matverantwortlech ass, si weess wat richteg an falsch ass, vielleicht hofft si, wellentlech naïv, et giff d’nächst Kéier nett esou schlemm kommen , awer wat seed si sech selwer, der Frendin, wann si gleeweg ass, dem Herrgott oder dem Paschtouer. Hieren Eelsten schwetzt se dach bestemmt drop unn, wat entwert se?

D’Mamm – kënnt aus enger Gielemännchen-Famill, de Papp Eisebunner, nom Krich an d’Emerzéiungslager, d’Bomi (hir Mamm) ass forcéiert ginn an d’Stéit schaffen ze goen. Meng Mamm huet hire jengste Brudder doheem versuergt, keng Schoul gemaach, nom Krich geschuer an duerch d’Duerf gedriwwen, bis hannert d’Felder an an de Bësch … an dann? Déi Fraen ware wéi Freiwild, hunn den éischtbeschten „korekte“ Lëtzebuerger bestued, deen Intressi un hinnen hat. Sou, lo bau der e Liewen zesummen matt engem perverse Schwäin, looss alles iwwert der ergoen, hal de Bak, materiell ofhängeg, du muss Kanner kréien matt dem Typ, frou sinn wann en d’Kanner schléit, well da schléit en seng Fra wéinstens déi Zäit net. Keng Ulafstell à la femmes battues oder ähnleches, keng Frënn a.s.w. Mäi Papp huet konsequent nëmmen zu senger Säit Famill gehal, bei meng Mamm hir Säit si mer nëmmen op d’Begriefnësser gaang. Total passiv no baussen, hannen erëm huet se hir Roll gespillt. E Liewe laang krank, ëmmer nees Krieps, wéi wann de Kierper sech géint all déi Inkohärenzen géing wieren.

Virwat léisst du den Bruder optrieden, den jo eigentlech kaum an d’Geschehen agreift?

Op Kiermessonndeg ass ‘heile Welt’ gespillt ginn. Dat war esou en Dag, wou alles gemaach ginn ass, fir no bausse wéi eng Famill auszegesinn. Dozou huet da gehéiert, dass se alleguerten dobäi waren. Och den ‘abtrüniger Sohn’. Hie steet fir d’Méiglechkeet vumm Ausbriechen: aus der Famill, aus de Konventiounen, aus dem Wahn.

An den verlorenen Sohn, alles an mir seed mir, deen ass den zweeten Papp och wann en ett nach nett weess, den Moment spillt en Hahnenkampf, mee iergend wann stellt sech bei him d’Fro, op en gett wéi den Papp, net kathoulesch moralesch, mee dann an Bezug op iergend eppes aneschters. Du beschreiws en, wéi wann en säin klengen Brudder grad esou giff veruerchten, wéi säin Papp an dann och hien, werft d’Vergewaltegung net op, hien streit, mee op engem wéineger wichtegen Sujet. Wat seed hien zu sengen Kollegen? ass säin Papp en Verbriecher oder just en reaktionärt Schwein?

De Brudder – kämpft ganz secher matt engem Bild, deem Bild wat en all Kéier gesäit, wann en an de Spigel kuckt, wann en alles mecht fir sengem Alen net ze gläichen. E wëllt dominéieren, e wëllt dass et ëmmer sou leeft wéi hien wëllt, en huet d’Wourecht gepacht a vergësst näischt, keen deen ech kennen get eens matt him, en urteelt dag aus dag an. Wéi ech op d’Welt koum hat hien 11 Joer a mäi Papp huet sech net méi fir hien intresséiert. Meng Schwester hat dee Moment 4 Joer a war vernarrt an hire Papp. Lo kënne mer dem Freud säi grousst Buch opmaachen a wäerte feststellen, dass all déi fatal Mechanismen an eiser Famill gegraff hunn. An irgendwann war e fort! Ganz einfach. En huet eis an dem Sënn am Stach gelooss. Vläicht ass dat säi groussen Drama, deen e matt sech schleeft. Och nom Dout vum Papp war en net do, huet der Mamm Gefillskeelt virgeheit, nom Dout vum Tréis mech moralësch an emotional erpresst a mir virgeschriwwen, wéi ech mech ze verhalen hätt, wann ech en „normalt“ Brudder-Verhältnës matt him wéilt ënnerhalen. Et war seng grouss Flucht aus der Famill, déi en haut nees opsicht. Dat war eventuell dee Moment seng Rettung. Wann e bliwwe wär, wann e gehollef hätt, wär en eventuell matt drop gaang … Haut errënnert e mech ganz staark un déi autoritär Säit vu mengem Papp. Duerch den Altersënnerscheed bedengt, deen et deen deemols jo nach vill méi gespillt huet, kann ech der net soen, ob dat bei senge Kollegen thematiséiert gouff, op de politëschen Dissenz just e Viirwand war, fir doheem fortzekommen … reaktionär an erzreaktionär, dat waren seng Adjektiven deemols, an dat huet fir d’ganz Famill gegollt

Du konzentréiers all d’Aussernanersetzungen op ee Weekend, huet dest eng Ursaach an der Wierklechkeet oder fellt et ennert d’Freiheten vum Auteur?

Den zäitleche Kader ass de Weekend vu Kiermessonndeg 1976. Do kennt alles zesummen, wat a Wirklechkeet natiirlech e vill méi laange Prozess war. D’Evenementer vunn deem Weekend bestäerken dee jonke Protagonist a sengem Wëllen auszebriechen. D’Virgeschicht ass eng méi laang.

Jo, awer nach net genuch. D’Buch ass haut (fënnef Wochen no der Verëffentlechung), nach net zu Izeg ukomm. Dat kënnt nach. Ech si gespaant, wat et nach alles ausléist. Leider sinn ech net méi vill mat mengem Heemechtsduerf vernetzt, mee ech sinn op fir all Feedback, all Nofro an all Gespréich wat sech dorausser ergëtt. Mir géing et gutt gefalen eng Kéier zu Izeg virzeliesen.