1

Corona, ganz unten

Eindrücke aus Gesprächen mit Streetworkern.

 

Überlebenskünstler

“Et gett déi eng an déi aner. Uewen an der Stad zum Beispill, do sinn vill Auslänner ennerwee, och e puer Lëtzebuerger. Klassesch Strummerten. Dat sinn zum Del Iwwerliewenskénschtler. Déi schloen sech ganz gutt derduerch. Si ginn heeschen, si maachen och mol e klengen Job, den Moment zwar manner, si wessen, wou se wat kënnen kréien. Déi wëllen keen Ënnerdaach. Wéi bei engem Villchen, wanns du deen an en Käfeg aspärs, dann stierwt en. An dann gett et déi aner.”

 

Lücken im System

“Jo d’Offer vun Institutiounen, déi vum Staat finanzéiert ginn, ass net komplett. No 6 Auer owes ass den Répondeur unn. D’Hellef fir d’Leit awer muss direkt kommen. Jo, si maachen eng gutt Aarbecht, mee et ginn awer Lächer am System.”

“D’Leit kommen heinzdo mol net bis bei d’Stëmm vun der Strooss. De Moment kréien se do en Iessen an Barquetten an déi sollen se dann iesse goen, e bessen méi weit ewech, isoléiert. Jo et gett och do den Sëcherhetsofstand, deen muss respektéiert ginn.”

“Et ginn der, déi wëllen nët bis bei d’Stëmm vun der Strooss goen an aner, déi kënnen net, dann hëllefen elo munchmol Fräiwelleger. Dat hued e Moment gedauert, mee elo klappt dat. Vielleicht ass awer nach net jiddereen erfaasst.”

 

Eine Wohnung; jetzt ein Hotelzimmer als Übergang?

“Jo natirlech, si breichten en Haus, also eng Wunneng, en Daach iwwer dem Kapp. Et gett d’Wanteraktioun, déi gouf verlängert. Si bidden 250 Better unn, déi sinn anscheinend nett all beluecht. Et well nett jiddereen dohin goen. Déi hunn Regelen, keen Alkohol, keng Drogen an dat well net jiddereen. Och wann et owes nach kal ass. En Hotelzemmer? Welchen Proprietaire giff dat schon wëllen? Herno ass alles verdreckst. Et ass net einfach. Jo et wier besser, fir hier Gesondhet.”

 

Heroin für Multitoxikomanen

“Si jummen sech Dreck an den Aarm. Dat sinn déi aner. Toxikomanen sinn schlecht drun. Wéi denen kann gehollef ginn? Jo den Methadon-Programm geet weider. Och d’Wanteraktioun schaft do mat. Mee net jiddereen ass am Methadon-Programm. Déi spretzen sech richteg Gëftgemëscher. Dofir sinn se all krank.” “Du wells hellefen, dann kriss alles versprach an dann feelen si schon, bei dem nächsten Rendez-vous bei enger Institutioun, déi hinnen hëllefen kënnt. Du muss se bei der Hand huelen. Vielleicht klappt et an dann gëss du an denger Aarbecht bestätegt, mee oft klappt et net. Dann waren fir si déi 5 Minuten nom leschten Schoss méi wichteg. Mam Methadonprogramm gëtt awer och net jiddereen erfaasst. Wat dann maachen? Zumols déi déi elo keen Akommes hunn, déi sinn wierklech schlecht drunn.”

 

Respekt

“Ech muss dat awer soen. Och wann si sech net respektéieren, sou respektéieren si dach äis an äis Aarbecht. Mir hun Schutzmasken, an Händschen, mir halen ganz strikt Ofstand. Dach si respektéieren dat. Si wëssen jo ganz gutt, wat dat heescht krank ze sinn.”

 

Prostitution

“Natirlech géifen si elo op de Strech goen. Mee d’Clienten sinn net do. Sech unzestiechen, ass zweetrangeg fir Multitoxikomanen.”

“Hinnen Heroin einfach esou ginn? Keng Ahnung. Onkontrolléiert? Wann Sozialaarbechter dat giffen maachen, déi kennen hier Leit. Si wessen, wéi se drop sinn. Villeicht, ech weess nett?”

 

Unerreichbar?

“Et ginn Leit, un déi kenns du net erun. D’Leit denken: Ruppsak géi schaffen, mee déi hunn keng Ahnung. Op der Strooss do ginn déi psychesch Problemer éischter méi grouss.”

 

Krankenkasse für jedermann

“Et ginn Leit dei hinnen d’Krankenkeess bezuelen, déi maachen dat ouni datt een dat weess. Jo den Staat misst dat maachen. Et misst een mat deenen Verantwortlechen schwätzen, ech selwer weess och net, wat dat elo giff heeschen”

“An der Klinik gëtt jiddereen ugeholl, du kriiss net vir d’éischt deng Krankekeesskaard gefrod”.

 

Hilfe für wen?

“Menschen op der Strumm sollen en Ënnerdaach hunn an dann brauchen si eng onbürokratesch Hellef”.

 

Die Herausforderung der Strummerten

Die Unternehmen sollen jetzt ganz unbürokratisch Gelder erhalten, wie der Mittelstandsminister Lex Delles sagt. Ob man auch ganz unbürokratisch den Ärmsten der Armen zu helfen gedenkt? Die “Strummerten” rühren an zwei Säulen der bürgerlichen Gesellschaft: ein Eigenheim für die Kleinfamilie und Geld, für den der Geld hat. Diese Herausforderungen an den Sozialstaat haben ihren Bestand auch in der Corona Krise.

 

 

Interviews von Claude Simon 03/05/2020